INTRO : Desch Manéieren - Japanesch Restaurant

on mardi, 15 juillet 2014. Posted in Japanese Manners !

INTRO : Desch Manéieren - Japanesch Restaurant

Ech hun eng nai Kategorie opgemeet " Desch Manéieren - Japanesch Restaurant " déi en Guide solle sin fir wann mer an japanesch Restaurant iessen ginn.

Japaner sinn Lait, dei wuel extrem modern sinn, technesch um Top an ëmmer probéieren nei technologesch Horizonter ze erfuerschen. Op der anerer Säit, sinn se extrem traditionell, eigentlech nach méi extrem wéi mir en ons kennen Virstellen.

Extrem ass am Fong dat falscht Wuert, well et gëtt dem ganzen eng negativ Note, an mir kéinten ons roueg eng Schaif vun hinnen ofschneiden.  

Japaner éieren hir Traditioun,hir Wäerter déi si vun Generatioun vun Generatioun iwwerliwwert kritt hunn. Dëst mécht si zu engem extrem räichen Vollek un Kultur an Traditiounen, dat fir all Japaner den rouden Fuedem duecht d'Liewen ass.

Schrëtt fir Schrëtt posten ech an dëser Kategorie all déi Manéieren, déi mir sollten hunn wann mer bei Japaner an den Restaurant ginn.

Firwat ? Et muss een soen wéi et ass : "esou wéi mir gewinnt sinn, an den Restaurant ze goen, ass dëst fir Japaner einfach nëmmen barbaresch an onhéiflech"

Wann een dobäi nach bedenkt, dass der Japaner hir Éier, also hir Gesiicht ze halen, extrem wichteg ass, kennt ons Desch Manéiere enger Beleidegung fir Japaner gläich.

Nee mir maachen et net express ! Mir wëssen et just net besser !

Een vun onsereen Haaptgrënn fir Sushi Couren ze halen, ass nierwt dem Fait Sushi selwer kennen ze machen, och d'Verstoen an Erkennen vun der Konscht un Sushi machen.

Vill "pseu-asiatesch" Restaurant machen ons Sushi wat eigentlech eng Schan an Beleidegung ass fir déi herrlech kulinaresch japanesch Kultur. duerch ons Couren, hutt der en Ae kritt fir Sushi.

Dëst ass en eichten an wichtegen Schrëtt fir den Japaner ze weisen, dass mir net einfach nëmmen Veih sinn dat gefiddert muss ginn, egal mat wat, mä dass mir Ufänken eng Kultur am japaneschen Iessen ze kréien, an mer erkennen wéini den Sushi perfekt ass oder einfach nëmmen dohinner geknallt.

Als nächsten Schrëtt, musse mer un onsereen Manéieren schaffen. Jo mir hunn Manéieren, mä just sinn se net kompatibel matt den Japaner. Et ginn e puer Regelen déi mer mussen an halen, an gleeft mer, d'Unerkennung vun den Japaner, si mat gudde Manéieren ze éieren, ass onendlech.

Also gitt Iech drun ;-)

Leave a comment

Please login to leave a comment.

Login

Login