
Den eisten Post an onserem Blog widmen ech der Sproch, an zwar der sou genannter Post-Sproch, also fir all déi nach net wëssen wat ech mengen, dat ass ganz einfach déi Sproch déi mer hei um Site benotzen fir mat Iech dobausse ze kommunizéieren.
Huh ? En Problem ? Am Fong schon, well ...
mer hei zu Lëtzebuerg einfach vun allem hunn (franséisch, däitsch, englesch, spuenesch, italienesch, portugisesch...etc) an een et einfach kengem richteg Recht kann man. Dach, eigentlech bräicht ech just op "Englesch" ze schreiwen, mä do ginn et 2 Haaptproblem :
Mir hunn elo well schonn bal 8500 Leit an onsereen Sushi Couren gehat, an ons Couren schonn op 4 an souguer 5 verschidden Sproochen gehalen (-> Carine kann nach hollännesch, italienesch an spuenesch...euuh...muss hatt emol nach Froen ), mä fir um Internet ze posten, hunn ech wierklech keen schimmer wat fir eng Sprooch ech soll huelen.
Kloer seet jiddwereen elo : Lëtzebuergesch ! An eigentlech sin ech jo domadder och averstan mä dir musst awer och verstoen dass ech mech un all "Sushi Community" well wenden, an trotzdem den "made in Luxemburg" well promoten.
Eigentlech misst ech esou schreiwen :
Fir eng idée ze kreien, comment on pourrait poster de façon créative sur le web, könnte ich einfach in einem einzigen Satz, just use more than one langauge in order to get the attention of all of you Folks. Mais fonctionneiert daat ? Cela a l'ai un peu bizarre non ? Klar verstehn dir luxemburger alles was dat steht ! What about the others ?
Ech selwer hunn meng Studiezeit an Frankräich verbruecht an dofir ass dat franzeicht méi einfach an séier geschriwwen an zemools ouni Fehler.
Hai emol en Beispill : Ech hunn den Text hei uewen einfach esou geschriwwen wei mir all lëtzebuergesch schreiwen, an hei ass dat wat den Spelling checker mer seet :
Sou...dat set mer elo eigentlech dat ech mer méi Meih muss/soll gin. Et as jo schliesslech méng/ons Sprooch.
Aner Siten man dann den FR/Lu/DE Fändel op den Site an iwersetzten alles, bon, muss soën dat ech do elo wirklech keng Zeit dofir hun, an dat sëcher net wärt maan.
Denken dat ech einfach esou quer duchs Sprachen-Beet wärt posten an wiem daat nët gefällt brauch et dann och net ze liesen ;-)
Mä !!! Et gët emmer en "Mä" ech well gären är Meenung dozou wessen an schreiwt mer ären Kommentar einfach hai ennen hinner oder w.e.g. maacht mat bei onserer Emfro - do gin et der 3 am Moment dei easy an schnell sin fir ze beäntwerten
Thanks !
Boris # admin